Kickstarter Project: De Falcon Simulator

Mir wëllen Iech iwwer en interessanten neie Projet op der bekannter Finanzéierungsplattform Kickstarter informéieren, nämlech de kompakten Renn- a Fluchsimulator "The Falcon Simulator".

Den Initiateur vum Projet ass den Hussam Kamel an hie kënnt aus Wien. Bei dësem Joer Game City konnten d'Fans den Apparat schonn ausprobéieren. D'Zil ass e Simulator ze produzéieren dee sou kompakt a preiswert wéi méiglech ass, gëeegent fir Rennspiller a Fluchsimulatoren. Deen Deel gesäit zimmlech interessant aus an duerch d'Software SimTools sollen 95% vun den üblechen Renn- a Fluchsimulatoren domat spille kënnen. VR gëtt och ënnerstëtzt fir d'Spillerfahrung weider ze verbesseren.

De Projet Starter ass nach ëmmer roueg iwwer e geziilte Präis vum Endprodukt, wann d'Campagne op Kickstarter erfollegräich ass, awer d'Saach ass spannend.

Projet op Kickstarter | Falcon Simulator Websäit